Eurofestival Schëffleng

 

Eurofestival Schëffleng asbl besteet aus 15 Comitésmemberen a 50 Memberen. All Joer reese mir ob den European Peoples’ Festival (EPF) fir do Lëtzebuerg a Gemeng Schëffleng ze representéieren.

Den Eurofestival – European Peoples’ Festival (EPF) ass e grousse Festival. All Joer treffen sech 15 Länner aus der EU fir eng ganz Woch zesummen ze verbréngen.

Wärend dem Eurofestival kenne Länner hire wirtschaftlechen an touristesche Räichtum ob dem sougenannten Eurovillage presentéieren. Sportlech a kulturell Kompetitioune ginn déi ganz Woch iwwer ausgedroen. Wou Länner sech ënnertenee beweise kennen. Verschidden Disziplinne sinn: Basket, Fussball, Schwammen, Petanque, Stroossentheater, Fotografie, Kachen, Molen, etc.

Kulturell Duerstellunge vun de Länner stinn all Dag um Programm. Genau ewéi Concert, Showen an Disco.